Här Gaston Err
Péiteng, 65 Jahre † 29.05.2012

Danksagung

Sidd net traureg wann Der u mech denkt, loosst mir eng Plaz an Ärer

Mëtt an hutt de Courage vu mir ze zielen an ze laachen, esou ewéi

Der mech och am Liewe kannt hutt. Wann Dir mech vermësst, da

sicht mech an Ärem Häerz a wann Der mir do eng Plaz versuergt, da

liewen ech fir ëmmer weider an Ärer Erënnerung. E Mënsch ass

nëmmen doud, wann e vergiess ass.

An der Onméiglechkeet jidderengem e

perséinleche Merci ze soen, drécke mir

heimat vu ganzem Häerz eiser Famill,

alle Frënn a Bekannten e spezielle Merci

aus fir déi vill Zeeche vu Matgefill, déi si

eis erwisen hu bei der Trauer ëm eise

léiwen an onvergiessleche Verstuerwenen,

dem

Här Gaston Err

Mann vum Thérèse Christophory

E grousse Merci fir Är Präsenz an der Mass, déi vill Bäileedskaarten,

déi schéi Blummen an déi generéis Donen, déi vill geschwaten a

geschriwwe Wierder vun Trouscht.

An onsen Häerzer bleifs du ëmmer lieweg.

Péiteng,

 

 

den 10. Juli 2012.



Anzeigen Suche
Bestattunganstalt
Bestattung wurde durchgeführt von:
Site Betreiber

Ecker Jemp
Ecker Jemp
16 chemin de brouck
4808 Rodange
Tel: 691699864

mehr infos
Bestattung Parte